Thierryvan Werveke

D’KEESS OP AN D’KLACKEN ERAUS!

YEPPO!

Wëllkomm op der offizieller Websäit vun der Thierry van Werveke Fondatioun! Kuckt iech alles un, an denkt drun: Mir brauchen äre Fluuss op dëse Konto: LU75 0030 7810 7666 0000

News

  • D’Fondatioun ass houfreg, iech déi nei Homepage presentéieren ze kënnen. Hei wäert dir an Zukunft Informatiounen iwwert eis Aarbecht fannen.

Don'en

En Don maachen

D’Haaptzil vun der Fondatioun ass et, jonken Troublemakers, dat heescht jonke Leit a Schwieregkeeten oder Mënschen, déi sozial benodeelegt sinn, iwwert de Wee vun e.a. der Kultur ze hëllefen.
Dofir schafft d’Fondatioun enk mat Ororganisatiounen aus dem soziale Secteur zesumme fir et hinnen z’erméiglechen u spezifesche Projeten deelzehuelen, déi si an allen Hisiichten stäerken.

Als Fondatioun si mir op är Hëllef an Don’en ugewisen, déi dir op de folgende Konto iwwerweise kënnt:
LU75 0030 7810 7666 0000

Member

Member ginn

Matt eiser Memberskaart (20 Euro am Joer) kënnt dir als Member un eisen Aktivitéiten deelhuelen a vun Avantagen a Reduktiounen op Concert’e profitéieren.

Hëllef

Mir ënnerstëtzen dech!

Brauchs du Hëllef oder eng Ënnerstëtzung an dengem Liewen? Bass du eng Privatpersoun oder ee Professionellen, ee Jonken oder een Erwuessenen…. Hues du ee Projet op d’Bee gesat, deen sech fir d’Chancegläichheet an d’Fërderung vun Talenter, staark mécht, mee du brauchs nach eng finanziell Ënnerstëtzung? Kontaktéier eis, mir fanne séier eng Léisung fir dech!