Thierry VAN WERVEKE

Den Thierry van Werveke (gebuer den 23. Oktober 1958 zu Genf, Schwäiz; † den 11. Januar 2009 zu Lëtzebuerg) war e Lëtzebuerger Schauspiller a Sänger.

Hien huet säin Schauspilldebut am Joer 1982 am Andy Bausch sengem Kuerzfilm Stefan ginn. Dank dësem sinn aner Regisseuren op hien opmierksam ginn.

Seng Roll als Johnny Chicago am Andy Bausch sengem 1988er Film Troublemaker huet hie beim méi breede Publikum bekannt gemaach, besonnesch zu Lëtzebuerg, Däitschland a Frankräich.

Dem Harry Cleven säin Abracadabra war säin éischte franséischsproochege Film, deen him d’Dieren an déi international Filmbranche opgemaach huet. D’Regisseure wéi de Frank Feitler, de Marc Olinger, de Pol Cruchten, den Til Schweiger an de Michael Haneke hunn doropshin d’Zesummenaarbecht mam Thierry gesicht.

Seng Roll als belsche Gangster Henk am Film Knockin’ on Heaven’s Door war dunn säin Duerchbroch, an seng Roll huet bis elo Kultstatus.

Zënterhier ass hie reegelméisseg an däitsche Filmer an Televisiounsserie opgetaucht. Zousätzlech zu sengem Filmwierk war hien och op den Theaterbünen ze gesinn, a war aktiv als Leadsänger an zwou Lëtzebuergesche Bands Nazz Nazz an Taboola Rasa.

Am Joer 1988 krut hien den „Best Male Actor“ Präis fir seng Roll am Troublemaker um La Clusaz Film Festival a Frankräich.

Am Joer 2003 huet hien de Lätzeburger Filmpräis fir de beschte männleche Schauspiller fir seng Roll am Le Club des Chômeurs gewonnen. Am Joer 2008 gouf säin schauspillerescht Talent mam Adolf Grimme Präis fir seng Roll am Eine andere Liga belount.

De biografesche Film „inthierryview“ gouf vum Andy Bausch am Joer 2008 gedréint. Dëst als eng Aart Porträt an Hommage, nodeems bekannt gouf, datt den Thierry van Werveke schwéier krank war.

Wuelwëssend, datt hien seng Krankheet net iwwerliewe géif, huet den Thierry seng Fra Danielle gefrot fir eng Fondatioun a sengem Numm opzestellen fir no jonken Troublemakers ze kucken.

Den Thierry van Werveke ass den 11. Januar 2009 am Alter vu 50 gestuerwen. Den Til Schweiger huet him an dem Barbara Rudnik säi Film Zweiohrküken posthum gewidmet.