Fondation THIERRY VAN WERVEKE huet als Zil

–  Jonken „Troublemakers“ ze hëllefen, dat heescht jonk sozial benodeelegt Leit a Schwieregkeeten no Critèren, déi vum Verwaltungsrot definéiert goufen, z’ënnerstëtzen.

–  Jonk Kënschtler an hirer musikalescher, filmescher an / oder Theaterausbildung ze ermuddegen an ze begleeden, an dëst besonnesch duerch de Bäitrag vun der finanzieller Ënnerstëtzung, déi et hinnen erlaabt Museks- oder Konschtcoursen ze verfollegen an aktiv u Produktiounen zu Lëtzebuerg oder/an an anere Länner wéi Lëtzebuerg deelzehuelen.

–  Aktivitéiten an / oder kulturell Wierker ze fërderen an dëst besonnesch an de Beräicher vun  der Rockmusek, Kino an Theater.

–  D’Erënnerung un den Thierry van Werveke behalen, andeems Eventer organiséiert ginn a kënschtleresch Produit’en (Merchandise) betreffend seng Persoun a seng Aarbecht verbreet ginn.

–  D’Kollektioun an d’Gestioun vu Fonge fir d’Erreeche vun den uewe genannten Ziler.

–  D’Fondatioun ka Moossnamen ergräifen an am Allgemengen allméiglech rechtméisseg Operatiounen duerchféieren, déi direkt oder indirekt mat der Verwierklechung vun hirem soziale But zesummenhänken.

–  D’Fondatioun huet Méiglechkeet mat aneren Associatiounen oder Gruppen, déi bei der Ëmsetzung vun den uewe genannten Ziler behëlleflech si kéinten, zesummenzeschaffen.